DuckDuckGo Help Pages logo DuckDuckGo Help Pages

D’Uweise vun Annoncen ass duerch d’Dateschutzpolitik vun DuckDuckGo geschützt.

Mir schaffe mat vill verschiddenen Informatiounsquellen zesummen, fir DuckDuckGo Search (z.B. Microsoft fir Annoncen, Apple fir Kaarten, asw.) kënne bereetzestellen. Wann Dir Sichresultater ugewise kritt (och Annoncen), kënnen Är Sichen net mat Iech verknëppt ginn, weder vun eis nach vun eise Partner. Technesch gesi funktionéiert dat, andeems mir mat Äre Sichbegrëffer keng perséinlech Identifikateure späicheren (z.B. IP-Adress) an d’Ufroen u Partner iwwer eis lafen.

Wann Dir eisen Internetsite verloosst, ënnerleit Dir der Politik vun aneren Internetsitten, och hiren Datenerfaassungspraktiken. Fir Annoncen duerch Microsoft fuert Dir och iwwer d’Plattform vu Microsoft Advertising.

Fir méi Informatiounen, liest d’Dateschutzpolitik vun DuckDuckGo: https://duckduckgo.com/privacy.

Werbeklicke ginn duerch de Werbereseau vu Microsoft geréiert.

Microsoft an DuckDuckGo schaffen zesumme fir Iech eng Sichléisung unzebidden, déi Iech relevant Publicitéiten uweist an Är Privatsphär schützt. Wann Dir op eng Annonce duerch Microsoft klickt, gitt Dir op d’Zilsäit vum Annonceur iwwer d’Plattform vu Microsoft Advertising ëmgeleet. Zu deem Moment benotzt Microsoft Advertising Är komplett IP-Adress an de User-Agent-String fir de Werbeklick richteg duerchféieren ze kënnen an den Annonceur ze facturéieren. Aner Sichmaschinne verknëppen Äert Werbeklickverhale mat engem User-Profil, dee spéider benotzt ka gi fir Iech geziilt Annoncen op där Sichmaschinn oder am Internet unzeweisen. Wann Dir awer op eng Annonce duerch Microsoft klickt, déi op DuckDuckGo ugewise gëtt, verknëppt Microsoft Advertising Äert Werbeklickverhalen net mat engem User-Profil. Dës Informatioune ginn ausserdeem nëmme fir Comptabilitéitszwecker gespäichert oder gedeelt.

Fir méi Informatiounen, liest d’Dateschutzpolitik vu Microsoft: https://privacy.microsoft.com.

This page is composed by DuckDuckGo and Microsoft.


Prior versions on GitHub.